Skip to main content

NOVUS Team Building

Eng super Equipe!

19 juillet 2023

Well eng Firma just esou gudd ass, wéi déi Leit déi do schaffen an virun allem wéi se zesummen schaffen, haaten mir décidéiert fir zesummen en Weekend ze verbrengen.

Virun e puer Wochen hun mir eis zesummen op den Wee gemaach. Um Lac de Pierre-Percée, engem kënschtlëchen Séi hei vir an der Lorraine, hun mir eis aquartéiert.

No enger relativ ustrengender Schatzsich mat Kayaken iwert den Séi, wou niewt der Ausdauer awer och d'Gruppenaarbëcht gefuerdert gin ass, konnte mir eis bei engem gemittlëchen Owend ënnerteneen austauschen an och eis kënschtlerësch Oder erausloossen.

Den Daag drop, no enger vill ze kuerzer Nuecht, kruten mir vum Alain Wolff mat flotten Gruppenspiller an -aufgaben, erklärt wéi d'Leit ennerteneen an mateneen funktionnéieren.

Um Réckwee, éier mer den Weekend zesummen mat eisen Fraën, Männer, Partnerinnen an Partner bei engem gudden Iessen am Ultimo zu Mamer ausklengen gelooss hun, haaten mer nach en Tëschenstop zu Ohn bei den Domaines Duhr frères ageluecht fir eng Wäindégustatioun an eng kleng Visite vun der Kellerei.


Video