Skip to main content

NOVUS Teambulding 2024

Hotel BEL-AIR, Echternach

1 juin 2024

E Rendez-vous voller Erfahrungen an Zesummenhalt

Virun e puer Wochen haat NOVUS säin Teambuilding 2024 fir seng Mataarbechter aus dem Büro organiséiert. Dëst Joër stung de Fokus op Zesummenhalt, Spaass an nei Erfarungen, mat engem ofwiesslungsräichen Programm an enger eenzegaarteger Atmosphär.

Freides:

No engem Welcome-Drink, dem Check-Inn am Hotel BEL-AIR an engem klengen Lunch ass et direkt weider gaangen mam sportlechen Highlight vum Dag: engem Golf-Schnupperkurs um Golf de Luxembourg um Belenhaff. De Shuttle-Servicer ass do natiirlëch vum Hotel BEL-AIR garantéiert gin.

No enger klenger Verschnauffpaus am Hotel, ass et dun an den TRAIL-INN op Berdorf fir d'Owesiessen gaangen. Fir den Dag ofzeschléissen, war eng spannend Nuetswanderung mam Guide Jeannot Kartheiser geplangt, déi eis zeréck an den Hotel BEL-AIR bruecht huet.

Samsdes:

Noom Kaffi, sin mir an d'Roll vum Kach getrueden an hun un engem Kachkurs deelgeholl, deen iwert den ganzen Moien gedauert huet. Hei hun mir geléiert, wéi een eng Entrée, en Haaptplat an e Dessert virbereet.

Noom gemeinsamen Iessen, haaten mir d’Méiglechkeet, eist Wëssen iwwert Wäin ze verdéiwen. An enger Masterclass mam Titel «Découverte et Dégustation des Vins de France», geleet vum Expert M. Olivier Grandidier, konnt mir verschidde franséisch Wäiner entdecken an schmaachen.

Den Oofschloss vum Teambuilding war eist Owendiessen, wou eis Partner derzougestouss sin an mir hinnen eis Aaarbëcht vun Moies aus eisem Kachkurs konnten präsentéieren.

Den NOVUS Teambuilding 2024 war en onvergiesslecht Erliefnes, dat net nëmmen de Grupp zesummebruecht huet, mee och vill Freed an nei Erfarungen mat sech bruecht huet.