Skip to main content

Rénovation clé en main d'une maison à Beggen (8e épisode)

27 novembre 2023

E puer gréisser Aarbëchten stungen déi letzt Wochen nach um Programm.

Bei der Fassad vum Haus feelt just nach deen letzten Ustrach an d'Aarbëchten vum Sockel.

Och wann den Jorge bei der Zillenfassad vun der Annexe baal d'Gedold verluer haat, sin mer schlussendlëch uewen ukomm an d'Resultat léisst sech weisen. Mol kucken wéi daat Ganzt ausgesäit wann d'Blechverkleedungen ronderem d'Fënsteren montéiert sin an d'Stee oofmontéiert gin ass.

Den Plätterchersléer huet no den Oofdichtungsaarbëchten, d'Plättercher an den Buedzëmmer faerdeg gemaach.

Och d'Gipseraarbëchten sin souwäit oofgeschloss.

Nodeems den Installateur d'Heizung an Betriib geholl huet an alles gudd gedrëschent ass, konnt och den Schräiner mat sengen Aarbëchten ufänken. Déi gréissten Aarbëcht wäert dobäi d'Renovéierung vun deem aalen Parquet an der aaler Traap gin.

Mee, och nei Buedembeleeg sin schons verluecht gin, virun allem ënnert dem Daach wou mer mat Gipskartonsmaueren an Trockenestrich geschafft hun. Daat huet et eis erlaabt do méi schnell virun ze kommen.