Skip to main content

Rénovation clé en main d'une maison à Beggen (9e épisode)

25 janvier 2024

Noom Congé Collectif ass dann eisen Chantier zu Beggen och rem um Laafen.

Nodeems den Schräiner d'Renovatioun vun der Traap oofgeschloss huet, an d'Parqueten souwäit faerdeg sin, huet hien och schons d'Bannendiiren montéiert.

Mëttlerweil huet den Usträicher ugefaangen an d'Plafongen sin souwäit faerdeg. Daat erlaabt eis an den nächsten Deeg, wéi geplangt, mat den Terrazzo-Aaarbëchten unzefänken.

Wéi den Schlässer d'Gelänneren mat den Oofdecktabletten op der Daachterrasse montéiert haat, konnt d'Stee och oofmontéiert gin, an ech mengen d'Resultat vun der Fassad léisst sech weisen.

Den Endspurt vum Chantier ass ugelaaf an an den nächsten Wochen musse mir kucken fir d'Handwierker alleguerten gudd koordinéiert ze kréien.