Skip to main content

Rénovation clé en main de maison

16 octobre 2023

Dir wëllt doheem gäeren renovéieren, dann kënnt Iech deen Projet hei interesséieren.

Nodeems den Klient eis kontaktéiert haat an mir him en kompletten Projet proposéiert haaten, hun mir Ufank Abrëll den Schlëssel vum Haus kruut. No 4 Méint intensiver Aarbëcht, mat eisen spezialiséierten Partner Gabbana s.à r.l., HUSStec s.à r.l. an Peinture SEILER s.à r.l., konnten mir dem Klient seng Schlësselen vun engem komplett renovéierten Haus zréckgin.

Ënnert aanerem sin folgend Aarbëchten gemaach gin: komplett nei Kichen mat Buedembelag, Buedzëmmer mat italienëscher Dusch, separat Toilette, neien Buedembelag an der Stuff, elektrësch Rollueden, Ersetzen vum Holzhandlaaf vum Traapengelänner, kompletten Ustrach, ...