Accéder au contenu principal

Sécherheets- an Gesondheetsdaag

IFSB - Bettembourg

25 Avril 2025

Haut waren mir net bei eisen Klienten op den Chantier'en, mee mir waren op eisem Sëcherheets- an Gesondheetsdaag am Institut de Formation Sectoriel du Bâtiment (IFSB).

Säit 2017 organiséieren mir all Joërs deen Daag fir eisen Aarbëchter net nëmmen wichteg Informatiounen, mee virun allem Bewosstsinn an Engagement an d'Aarbechtssécherheet an d'Gesondheet méi no ze brengen. 

Duerch spannend Atelieren an praktesch Übungen hu mir gewisen, dass d'Sécherheet jidderee vun eis ugeet – an dass all klenge Geste zielt. Mir stinn all zesummen hannert enger gemeinsamer Visioun: Vision Zero – keng Accidenter, keng beruffsbedéngt Krankheeten, keng Liewen, déi duerch Aarbecht a Gefor gerode sollen.

Sécherheet a Gesondheet sin net just Themen op Pabeier, mee sin Liewensqualitéit a Verantwortung am Alldag. Zesumme komme mir dem Zil ëmmer méi no: eng Aarbechtswelt, wou jiddereen gesond owes heem kënnt.