Skip to main content

Special Olympics World Games

Berlin 2023

12 juin 2023

Vum 17. bis den 25. Juni 2023 fannen zu Berlin d’Special Olmypics Welt Summer Spiller statt (www.berlin2023.org). Lëtzebuerg ass mat enger Delegatioun vu 40 Leit (Athleten, Trainer, Betreier) dobäi, déi an folgenden Sportaarten untrieden : Dëschtennis,  Schwammen,  Bocce,  Vëlo,  Liichtathletik,  Basket.

De Moien huet sech den Grupp vum Glacis an der Staat op den Wee gemaach Richtung Berlin. Zu Lemgo gëtt eng Tëschenetapp ageluecht, wou si bis en Donneschden un inklusiven Aktivitéiten wäerten Deel huelen. 

Als Partner vun Special Olympics Lëtzebuerg an als Sponsor vun der lëtzebuerger Delegatioun wënschen mir allen Athleten, Trainer an Betreier vill Gléck an virun allem vill Spass bei den Special Olmypics Welt Summer Spiller 2023.