Skip to main content

Special Olympics World Games - 4

Berlin 2023

26 juin 2023

Mat villen glécklëchen Gesiichter, ass gëschter déi Lëtzebuerger Delegatioun no 2 Wochen vun Berlin rem doheem ukomm.

Domadder sin d’Special Olympics World Games 2023, daat gréissten Sports Event an Däitschland säit den Olympëschen Summerspiller 1972 zu München, eriwer. Et war en meega Event mat ronn 7.000 Athleten, 22.000 Volunteers, 330.000 Zuschauer, … waat bei allen eng bleiwend Erënnerung hannerlooss huet.

Niewt dem Spass an der Motivatioun fir gudd Leeschtungen ze weisen ass den sportlëchen Erfolleg och net ausbliwen :

6x GOLD : Carmen Hertz (Schwammen, Freestyle 50 m), Danièle Jankowoy/Corinne Bremer (Dëschtennis, Unified-Duebel), Ronny Kontz (Liichtathletik, 10.000 m), Silvia Splicks (Velo, Strooss, 5 km), Unified Basketball-Team, Ryan Vittorelli (Liichtatheltik, 200 m)

4x SËLWER : Arthur Fresquet (Schwammen, Broscht, 100 m), Danièle Jankowoy (Dëschtennis, Eenzel), Anna Keilen (Liichtathletik, Weitsprong), Michel Werdel (Velo, Strooss, 2 km)

7x BRONZE : Anna Keilen (Liichtathletik, 200 m), Claudine Koch (Boccia), Christiane Schlesser (Schwammen, Freestyle, 100 m), Silvia Splicks (Velo, Strooss, 2 km), Aria Tanner (Liichtathletik, 100 m), 4x100-m-Staffel Liichtathletik, 4x25-m-Staffel Schwammen

Als Partner vun Special Olympics Lëtzebuerg an als Sponsor vun der lëtzebuerger Delegatioun gratuléieren mir allen Athleten fir hier Leeschtungen an wëllen awer och allen Trainer, Partner, Betreier an Offiziellen merci soën fir hieren Asaatz 24 op 24 an 7 op7.

RESPEKT !