Skip to main content

Rénovation clé en main d'une maison à Beggen (7e épisode)

Schaffen, schaffen, Häusle renovéieren

21 septembre 2023

Déi letzt Wochen sin e ganzen Koup Aarbëchten erleedegt gin:

- D'Heizungsinstallatioun, mat der Buedemheizung, ass souwäit faerdeg gemaach gin.

- Den Montage vun den Fënsteren ass, mat der Installatioun vun den Raffstoren an den Fënstertabletten, souwäit oofgeschloss.

- D'Aarbëchten fir Gips, Beworf an Gipskarton sin gudd virun gaangen.

- Mat der Ausféierung vun den Chapen (traditionnelle Chape, wéi och Trockenstrich) sin dann och all d'Leitungen, Kabelen, Réier elo gudd verstoppt.

- Mëttlerweil ass dann och den Plätterchersléer op der Plaatz, deen mat den Préparatiouns- an Oofdichtungsaarbëchten ugefaangen huet.

- Baussen hun mir dann mat den Alentouren wiedergemaach, mam Montage an Befëllen vun Gabionen fir d'Plateforme vun der Terrasse.

- Fir d'Zillenverkleedung vun der Annexe kënnen unzefänken, hun missten d'Steewoll-Isolatioun montéiert gin, den Ënnerbotz ausgeféiert gin, souwéi Spezialwenkelen installéiert gin.