Skip to main content

Sozial Responsabilitéit

14 septembre 2023

"Der Kunde ist König" sou heescht en däitsch Sprëchwuert an daat ass och daat waat NOVUS all Daag probéiert. Ouni eis zefridden Klienten kënnte mir net iwerliewen.

Mee, daat ass awer net deen eenzegen Défi deen sech NOVUS gesaat huet. Mir engagéieren eis fir eng sozial Responsabilitéit:

  • Fir d'Sëcherheet an d'Gesondheet vun eisen Mataarbëchter, investéiert NOVUS an Aarbëchtsgeschirr, waat hinnen d'Aarbëcht um Chantier erliichert an mir organiséieren regelméisseg Formatiounen souwéi en jährlëchen Sëcherheetsdaag fir sie. Duerfir ass NOVUS och mam Label "Sécher a gesond mat System" ausgezeechent gin (als éischt Baufirma am Land).
  • Mat der Organisatioun vun Chrëschtfeier, Summer-Grillen, Team-Building-Weekend, ... wëllen mir den Team-Geescht vun NOVUS stärken.
  • En motivéiert Engagement vun sengen Mataarbëchter, gëtt vun NOVUS mat Extra-Primen belount.
  • Zesummen mat der "SuperDreckskëscht" engagéiert sech NOVUS fir eng ökologesch Gestioun vum Offall.
  • Fir déi sozial Inklusioun ass den Sport den idealen Moyen, duerfir ass NOVUS säit Joëren schons Partner vun Special Olympics, déi Persounen mat enger geeschtecher Beanträchtegung d'Méiglegkeet gin hierem Sport nozegoën.
  • ...

NOVUS ass dann och stolz, dat dëst Engagement dëst Joër, no 2014, 2017 an 2020, vum INDR  rem ausgezeechent gin ass mam Label ESR Entreprise Socialement Responsable.