Schlësselfaerdeg Renovatioun vun klenger Residenz
Eng nei Zukunft no engem schwéieren Evenement
9 Mai 2026
Am Mäerz 2024 gouf eng kleng Residenz mat 3 Unitéiten duerch e Brand schwéier beschiedegt. Nodeems de Proprietär den Daach komplett erneieren gelooss haat, huet hien sech un NOVUS geriicht, fir d’Gebäi am Kader vun enger schlësselfäerdeger Renovatioun nees an en modernen a liewenswäerte Zoustand ze bréngen.
D’Aarbechten hu besonnesch den Duplex um 2. an 3. Stack betraff, deen komplett renovéiert gouf. Hei gouf de Wunnraum vun Grond op nei iwwerschafft, mat engem staarke Fokus op Qualitéit, Komfort an Nohaltegkeet.
Am Rez-de-chaussée an um 1. Stack, déi duerch d'Läschaarbëchten gelidden haaten, goufen deelweis Renovatiounsaarbechten duerchgefouert, fir déi bestehend Raimlechkeeten nees optimal notzbar ze maachen. Dobäi gouf, niewt dem kompletten Ustrach, och deen bestehenden Parquet professionell renovéiert.
Ee wichtegen Deel vum Projet war d’komplett Erneierung vun alle sanitäre Leitungen. Am selwechte Kader goufen och sämtlech Buedzëmmeren moderniséiert an technesch op den neiste Stand bruecht.
Zousätzlech gouf d’Trappenhaus renovéiert, dobäi konnt déi bestoend Trap erhale bleiwen an harmonesch an dat neit Konzept integréiert ginn. Och am Beräich vun de Kiche goufen grouss Aarbechte realiséiert: zwou nei Kiche goufen installéiert an eng drëtt Kichen op den neisten techneschen an ästhetesche Stand bruecht.
Dëse Projet weist, wéi eng professionell an gutt koordinéiert Renovatioun engem Gebai no engem schwéieren Schued neit Liewe ka schenken. Mat sengem Know-how am Beräich vun der schlësselfäerdeger Renovatioun huet NOVUS de Proprietär vum éischte Schrëtt bis zur Fäerdegstellung begleet.