Sécherheet & Gesondheet – eng Prioritéit bei NOVUS
4 Mai 2026
Zanter eiser éischter Journée Sécurité & Santé am Joer 2017 investéiere mir kontinuéierlech an dat, wat am wichtegsten ass: eis Leit.
No iwwer 9 Joer kënne mir mat Stolz soen, datt d'Sécherheet haut fest an eiser Aarbechtskultur verankert ass – si ass Deel vun eiser Identitéit ginn. D’Resultater schwätze fir sech: 2025 hu mir keen eenzegen Accident registréiert. E grousse Merci un all Mataarbechter fir dëst Engagement!
Mee mir bleiwen realistesch: Sécherheet ass ni definitiv erreecht. Trotz gudde Resultater gesi mir nach ëmmer eng héich Zuel un Absencen, wat eis drun erënnert, wéi wichteg et ass, opmierksam a konsequent ze bleiwen.
Sécher schaffen ass net just eng Regel – et ass eng Haltung, eng Verantwortung vis-à-vis vun eis selwer an eisen Kollegen.
Dofir si sou Deeg wéi eis Journée Sécurité & Santé esou wäertvoll: Si ginn eis d’Méiglechkeet, eis Wëssen opzefrëschen, Erfahrungen ze deelen an zesummen nach besser ze ginn.
Eis Botschaft bleift einfach an éierlech: E gelongene Chantier ass een, wou jiddereen owes gesond a sécher heem kënnt.
Bleift virsiichteg – fir iech selwer an fir déi, déi doheem op iech waarden.